Als Jessica op d'Welt komm, mee zenter Eiwegkeeten ennert mengem Spetznumm "Bibbes" bekannt, daat ass net nemmen mei einfach, mee vill mei individuell.
Privat geneissen ech d'Liewen un der Sait vun mengem Mann, mat deem ech zenter 2019 glecklech bestued sin.
D'Fotografie ass eng Leidenschaft, dei ech mir am Joer 2017 noo engem perséinlechen Schicksalsschlaag selwer baibruecht hun, an op dei ech super stolz sin. Mech mat bis dato friemen Leit ze connecten, mech auszetauschen, an sou ganz niewebai eng Liebesgeschicht unhand vun Fotoen ze erzielen, ass fir mech een wonnerbaren Tapéitenwiessel zum alldeeglechen 9 to 5 Job an domadd automatesch een Ausglaich fir mech deen mir dei perfekt Banlance zu mengem Ennerlechen erméiglecht.
Duerch d'Fotografie hun ech schon ganz vill leif Leit kennegeleiert mat deenen ech noo Joeren och weider an Kontakt stin.
Falls dir hannert der Kamera mol Tréinen erbléckst: Jo, daat sin ech. Ech kraischen mat, wann et mol emotional fir mech gett, ech verdrecken eng Tréin, wann ech vun Laachen mat iech nemmei kann, an ech sin vun Dankbarkeet geréiert, wann dir iech iwwer äR Fotoen freet an gären un dei schein Momenter zreckdenkt.
Loosst eis zesummen är Geschicht erzielen.
Op ärem groussen Daag well ech net nemmen den Fotograf sin. Ech well iech zur Sait stoen. Ech well een Deel vun ären Gäscht sin. Mattendran anstatt nemmen dobai. Loosst mech matfillen. Iech ennerstetzen.
Loosst mech en Deel vun eppes ganz Groussem sin.
Vun ärer gemeinsamer Zukunft.
1. Reesen - nei Länner, nei Kulturen, nei Erliefnisser - et gett naicht besseres fir sech perseinlech weider ze entweckelen an sech ze entfaalen. Ech profiteieren vun all fraier Sekonn fir aus dem Alldaag auszebriechen an mir selwer mat mengem Mann wichteg Pausen ze gönnen.
2. Kachen - Reegelmeisseg verbrengen ech vill Zait mat mengen Kollegen an menger Famill an lueden sie an meng Kichen an, wou sie sech duech meng Kachkenscht verféieren loossen dierfen. Wann net alles giess gett, kreien sie een Doggybag fir mat Heem :)
3. Sport & Selfcare - sait 2023 beschäftegen ech mech mei Intensiv mat menger eegener Gesondheet - saitdeem hun ech schon iwwer 25 KG oofgeholl an mir meng mental an kierperlech Fitness haart an mat vill Stolz erkämpft. Fir am Geescht fresch ze bleiwen, liesen ech an der Vakanz Bicher iwwer mental Themen souwei iwwer Selflove.
4. Planzen oder Blummen - wann et een Mensch op der Welt gett, deen KEEN grengen Daumen huet, dann hudd dir en elo fonnt - ech kreien souguer ee Kaktus futti :(
5. Musik - EMMER AN IWWERALL! Musik leisst an mir souvill aus - Freed, Tréinen, Party, alles quer duech den Gaart. Vun Schlager iwwer RNB an Rock bis hin zu gailem Trashpop 80's oder 90's, waat gett et besseres? Iwweregens sin ech an mengem Frendeskrees als lieweg Karaokemaschine an allzait Animateur/Moderator bekannt - froot leiwer net :)
6. Trash & Reality TV - eigentlech sollt ech mech schummen, mee nee - ech kennen - an kucken se ALL! Dofir kucken ech soss keng eng Serie op Netflix! :)